Altersaarmut zu Lëtzebuerg

Vun Altersaarmut schwätzt een, wa Persounen am Pensiounsalter net genuch finanziell Mëttel hunn, fir hir Grondbedierfnesser ofzedecken. Dacks si si op staatlech Ënnerstëtzung ugewisen oder mussen hire Liewensstandard drastesch erofsetzen.

Altersaarmut ass definéiert als en Akommes, dat ënner enger bestëmmter Grenz läit, dacks als 60 % vum Medianakommes.

Wat heescht dat konkret fir d’Leit zu Lëtzebuerg? Si Frae méi betraff wéi Männer, si Leit, déi aleng wunnen, méi concernéiert wéi Familljen? Wie sinn déi Leit, déi dacks Problemer hunn, hir Liewenskäschten ze decken, inklusiv de Loyer, Liewensmëttel, d’Gesondheetsversuergung? Wéi lieft een an der Altersaarmut? Wéi eng Auswierkungen huet si op déi mental a physesch Gesondheet? Wat sinn d’Konsequenzen, z.B. e Liewen an der sozialer Isolatioun. A wat sinn d’Ursaachen vun Altersaarmut (nidderege Loun, Ënnerbriechungen am Aarbechtsliewen)? Wou geet et hi wann de demografesche Wandel esou ass, datt Pensiounskeess méi héich belaascht gëtt an ëmmer méi Wuesstem néideg ass fir déi sozial Systemer oprecht ze erhalen? Wat bedeit et, ofhängeg vu Sozialleeschtungen ze sinn, wann een e Liewe laang geschafft huet? Wat sinn d’Weeër aus der Altersaarmut?

Et diskutéieren d’Alexandra Oxacelay (Directrice vun der Stëmm vun der Strooss), de Michel Simonis (Direkter vun der Croix-Rouge Lëtzebuerg) an de Jean Ehret (Direkter vun der Luxembourg School of Religion & Society).


Bibliothèque nationale du Luxembourg
37D avenue John F. Kennedy
L-1855 Luxembourg


Beginn:
Ende:
Zum Kalender hinzufügen

Produkte

Unkategorisierte Produkte

Anmeldung

Aktuell verfügbar: 200

gratis

Menge