Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 – Wuertatlas

Nom éischte Band vum Alain Atten a Claude Schmit hirem Lëtzebuerger Sproochatlas 1900, dem Laut- a Formenatlas aus dem Joer 2023, ass elo och den zweete Band, de Wuertatlas, prett: Eng 250 Dialektkaarte weisen, wéi an den 1960er- an 1970er-Joren zu Lëtzebuerg geschwat gouf an zum Deel nach bis haut geschwat gëtt. Wou seet ee Päiperlek a wou Millermoler oder Pimpampel? Wat bedeit virzoppen? Wéi eng aner Bezeechnunge gouf et an der Zäit fir Kopplabunz? Bei der offizieller Presentatioun vum Wuertatlas kënnt Dir den Auteuren hir nei Kaarten entdecken, gitt méi zu sëllege Lokalvarianten zu Lëtzebuerg an am Areler Land gewuer a kritt dernieft e klengen Abléck an d’Aarbecht, déi an esou engem grousse Projet stécht.

Moderatioun: Christiane Kremer

An Zesummenaarbecht mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) a mat der Section Linguistique, Ethnologie et Onomastique vum Institut Grand-Ducal (IGD-LEO).

Wo findet diese Veranstaltung statt? Bibliothèque nationale du Luxembourg
37D avenue John F. Kennedy
L-1855 Luxembourg

Wann findet diese Veranstaltung statt?
Beginn:
Ende:
Zum Kalender hinzufügen

Unkategorisierte Produkte

Anmeldung

Aktuell verfügbar: 142

gratis

Anmeldung zum Warenkorb hinzufügen