Jean-Claude Juncker a Jean Asselborn am Gespréich: Fridden als Missioun vun der europäescher an internationaler Politik

International Konflikter a Kricher bestëmmen den Ament Agenda vu Politik, Medien a Gesellschaft. Méi seele gëtt vum Fridde geschwat. Am Gespréich mam Jean-Claude Juncker a mam Jean Asselborn gi mir dorops an, wéi d’Europapolitik an déi international Politik nach als Friddenspolitik ugesi ginn.

Europa ass e Projet, deen nom 2. Weltkrich dezidéiert als e Friddensprojet konzipéiert gouf. Déi Virstellung ass an de leschte Joerzéngte verblatzt an ass mam Biergerkrich a Jugoslawien a rezent mat der russescher Aggressioun géint d’Ukrain an dem Noostkonflikt nees virulent ginn. Mir wëllen der Fro nogoen, firwat de Fridden als Begrënnungsmoment vun der Europapolitik lues a lues aus engem politesche Projet verschwonn ass an awéiwäit d’EU haut preparéiert ass, d’Friddensvirstellunge nees an eng europäesch Politik ze inkorporéieren.

Doriwwer eraus gëtt och diskutéiert, awéiwäit international Institutioune wéi UNO, NATO, OSZE oder den internationale Geriichtshäff tëschent „peace enforcement“, „peacebuilding“ an „peace prevention“ agéieren. Och soll de Rôle vun der Diplomatie diskutéiert ginn a beliicht ginn, wéi eng Interventiounsméiglechkeeten et gëtt vu Friddensverhandlungen iwwer Friddensverträg via Mediatioun bis hin zur militärescher Interventioun.

D’Gespréich gëtt moderéiert vum Historiker Mohamed Hamdi a vum Claude D. Conter. Et ass op Lëtzebuergesch a gëtt simultan op Englesch iwwersat.

Wo findet diese Veranstaltung statt? Bibliothèque nationale du Luxembourg
37D avenue John F. Kennedy
L-1855 Luxembourg

Wann findet diese Veranstaltung statt?
Beginn:
Zum Kalender hinzufügen

Unkategorisierte Produkte

Anmeldung

Aktuell verfügbar: 32

gratis