Historesch Gaardeweisheeten: Iwwert dʼGaardeliteratur zu Lëtzebuerg
D’Gaardekultur huet eng laang Traditioun – an domat och d’Gaardeliteratur, déi Generatioune vu Gaardefrënn begleet an inspiréiert huet. Iwwert Joerzéngten hu Gaardekalenneren a praktesch Guiden net nëmme wäertvoll Rotschléi fir de Geméis- an Uebstubau am Klenggaart vermëttelt, mee och wichtegt Wëssen zur Konservéierung vu Liewensmëttel. Grad an Zäite vu Kris oder Knappheet, wéi dem 1. Weltkrich, ass dës Kenntnis eng onersetzlech Ressource fir d’Versuergungssécherheet. Dofir schéngt et net verwonnerlech, dass den éischte Lëtzebuerger Gaardeguide vum Jean-Nicolas Peffer direkt nom Krich erauskënnt, well an de Krichsjore war ville Mënschen d’Bedeitung vum Geméisubau am heemesche Gaart eréischt sou richteg bewosst ginn.
An de Joren nom Krich gewannen awer och Gaardebauveräiner an hir Publikatiounen u Bedeitung. Nieft de private Klenggäert hunn och Aarbechtergäert eng wichteg sozial an ekonomesch Roll gespillt, well si ville Familljen eng zousätzlech Liewensmëttelquell gebueden hunn. Doriwwer eraus huet d’Gaardekultur ëmmer och eng pädagogesch Roll gespillt: D’Erzéiung vun der Jugend am Beräich Gaardenaarbecht soll net nëmmen technesch Kompetenze stäerken, mee och e Bewosstsi fir Natur, Nohaltegkeet an d’Wäertschätzung vun der Aarbecht am Gaart schafen.
D’Kim Krier ass Historikerin a Mataarbechterin an der Nationalbibliothéik.
Bibliothèque nationale du Luxembourg
37D avenue John F. Kennedy
L-1855 Luxembourg
Beginn: Uhr
Ende: Uhr
Zum Kalender hinzufügen