Kapoutty – originell Neiinterpretatioune vum Poutty Stein senge Lidder

De Poutty Stein (1888-1955) ass als Papp vum kabarettistesche Chanson zu Lëtzebuerg wuel bekannt. Den Duo Tonnar-Urwald presentéiere fir dem Poutty Stein säi 70. Doudesjoer eng Auswiel vu Lidder op eng nei Manéier, op verschiddenen Instrumenter ewéi Gittaren, Fender Rhodes, Hammond-Uergel, Piano, E-Bass a Perkussioun.

De Serge Tonnar ass fräischaffenden Auteur, Komponist an Interpret. Seng Haaptaktivitéit ass d’Kompositioun vun eegene Lidder, derniewent schafft e geleeëntlech am Theater als Museker, Schauspiller, Regisseur an Auteur. 2015 huet en d’Associatioun »Mir wëllen iech ons Heemecht weisen« gegrënnt, déi sech fir den interkulturellen Dialog asetzt, absënns tëscht Flüchtlingen a Leit vun hei.

De Georges Urwald ass Pianist a Sänger, Arrangeur fir Genre iwwergräifend Museksprojeten, Komponist, Professer am Iechternacher Kolléisch, Editeur vu Lidderhefter, Redakter vun der BnL hirer didaktescher Heftserie iwwert d’Lëtzebuerger Musek De Litty, artistesche Leeder vum Stued Theater zu Gréiwemaacher a Mataarbechter am Cedom vun der BnL.

Den Duo Tonnar-Urwald interpretéiert säit 2019 Lëtzebuerger Klassiker op eng radikal nei Aart a Weis. Sou erlieft een déi Lidder, déi een dacks nach méi oder manner am Ouer huet, op eng opgefrëschte Manéier, wou den Text an d’Geschichten nees am Mëttelpunkt stinn.


Bibliothèque nationale du Luxembourg
37D avenue John F. Kennedy
L-1855 Luxembourg


Beginn:
Ende:
Zum Kalender hinzufügen

Produkte

Unkategorisierte Produkte

Anmeldung

Aktuell verfügbar: 197

gratis

Menge