„Paysages du fer“ – e konschthistoresche Bléck op de Wandel vum Minett duerch d’Zäit

Vun de groussen Transformatiounen, déi sech zanter méi wéi engem Joerhonnert an der Minettregioun vollzunn hunn, war déi grondleeënd Ëmgestaltung vun der Landschaft ouni Zweiwel déi spektakuläerst. Nodeems de ländleche Raum an d’Bëschlandschafte vun der Schwéierindustrie zerstéiert goufen, kënnt et spéider zu enger groussflächeger Rekompositioun vun de Flächen, déi mam Verschwanne vun der Stolindustrie erëm fräi gi sinn.

Dëse Wandel vun der Landschaft spigelt sech och am Wierk vun de Kënschtler, déi sech inspiréiert hunn un den impressionanten Ëmbréch, déi d’Regioun iwwer déi lescht zwee Joerhonnerten erlieft huet.

D’Antoinette Lorang hëlt ons mat op eng Rees duerch d’Geschicht vun der Lëtzebuerger Konscht an erzielt mat Hëllef vun enger Auswiel vu Biller vu representative Kënschtler, wéi d’artistesch Representatioun vun der Minett-Regioun sech am Laf vun der Zäit verännert huet.

De kënschtleresche Bléck op d’Landschaft vum Minett ass Deel vum Buch „Paysages du fer“, dat d’Konschthistorikerin Antoinette Lorang am Kader vun Esch2022 zesumme mam Historiker Luciano Pagliarini an dem Architekt Jean Goedert erausginn huet an erzielt vum Wandel vum Minett, dëser eenzegaarteger Landschaft, déi wéi keng aner mat der Stolindustrie verbonnen ass, vum 18. Joerhonnert bis zu der Stad vu muer.

Wo findet diese Veranstaltung statt? Bibliothèque nationale du Luxembourg
37D avenue John F. Kennedy
L-1855 Luxembourg

Wann findet diese Veranstaltung statt?
Beginn:
Ende:
Zum Kalender hinzufügen

Unkategorisierte Produkte

Anmeldung

Aktuell verfügbar: 127

gratis

Anmeldung zum Warenkorb hinzufügen