Firwat (nach) Walen?

Den 8. Oktober 2023 gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Dat ass e wichtege Rendezvous am Kalenner vun enger representativer Demokratie. Awer wéi demokratesch ass eise Walsystem? Wat fir ee Stellewäert hu Walen? Wéi representativ ass eis Chamber? Wéi eng Alternative wiere méiglech? Wéi eng aner Forme vu politeschem Engagement gëtt et? An dëser Table ronde probéiere mer, deene Froen op de Fong ze goen.

Et diskutéiere Paul-Henri Meyers, Jurist a Verfassungsexpert, Blanche Weber, Präsidentin vum Mouvement écologique, a Charles Majerus, Vizepresident vum Jugendrot. Mat enger Presentatioun vun der Historikerin Marie-Paule Jungblut an der Moderatioun vum Michèle Schilt, Directrice adjointe vum Zentrum fir politesch Bildung.

An Zesummenaarbecht mam Zentrum fir politesch Bildung. Traduction simultanée vers le français.

Der Buchungszeitraum für diese Veranstaltung ist beendet.

Wo findet diese Veranstaltung statt? Bibliothèque nationale du Luxembourg
37D avenue John F. Kennedy
L-1855 Luxembourg

Wann findet diese Veranstaltung statt?
Beginn:
Zum Kalender hinzufügen