Rock- a Popmusek zu Lëtzebuerg

De Litty 6 gëtt a Form vun enger musikalescher Rees duerch 60 Joer Rock- a Popmusek zu Lëtzebuerg virgestallt. Dëst ass dat lescht Heft aus der didaktescher De Litty Serie, déi an 8 Carneten en Iwwerbléck iwwert d’Musek zu Lëtzebuerg gëtt: vu Cabaret a Musekstheater iwwert Jazz a politesche Lidder bis zu Klassik a Rockpop.

D’Litty Coverband spillt Stécker a Stiler aus de verschiddene Joerzéngten, vun de The Outsiders (Beatmusek), We Feel a Cool Feet (Hardrock), Leslie Kent (Rock), Cool Breeze (Pop), Park Café (Synthipop), Gollo (Singer-Songwriter), No alibi (Pop), D’Juju (Alternativ), Moof (Rock), Blues, Women and Whiskey (Blues), Nazz Nazz (Rock), Angel at My Table (Rockpop), MAZ (Hiphop) a C’est Karma (Indie-Pop).

Der Buchungszeitraum für diese Veranstaltung ist beendet.

Wo findet diese Veranstaltung statt? Bibliothèque nationale du Luxembourg
37D avenue John F. Kennedy
L-1855 Luxembourg

Wann findet diese Veranstaltung statt?
Beginn:
Zum Kalender hinzufügen